Documente Academic
Documente Profesional
Documente Cultură
4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken 27
4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken 27
4.1 Faire des compliments 27
4.2 Exprimer une émotion (a. satisfaction, b. inquiétude, c. soulagement, d. colère, …) 27
4.3 Exprimer un sentiment (a. joie, b. tristesse, ...) 28
4.4 Parler de ses gouts 28
4.5 Se plaindre – sech beschwéieren – to complain 28
4.6 Exprimer son opinion et donner son avis – Seng Meenung soen 29
4.7 Faire des comparaisons 30
4.8 Indiquer mes préférences 30
Bonjour, mon nom est Aline, Quel est votre Moien, mäin Numm ass Aline. Wat ass ären Numm?
nom ? Mon nom est Pascale, et où habitez-vous ? Mäin Numm ass Pascale. A wou wunnt Dir?
J’habite en ville. Ech wunnen an der Stad.
Et où travaillez-vous ? A wou schafft Dir?
Je travaille à Walferdange. Et vous ? Ech schaffen zu Walfer. An Dir?
Je tavaille à Rodange. Je suis Ingénieure. Ech schaffen zu Rodange. Ech sinn Ingénieure
Et qu’est-ce que vous faites comme travail ? A wat schafft Dir?
Je suis comptable. Ech si Comptable.
Etes-vous mariée ? Sidd Dir bestuet?
Oui , je suis mariée avec Pierre et j’ai un enfant. Jo, Ech si mam Pierre bestuet an ech hunn ee Kand.
Et vous ? An Dir?
Je ne suis pas mariée et je n’ai pas d’enfant. Ech sinn net bestuet, ech hu keng Kanner.
Depuis combien de temps jouez-vous au Zënter wéivill Joer spillt Dir Badminton?
Badminton ? Ech spillen zënter 5 Joer.
Je joue depuis 5 ans et vous ? And Dir?
Je joue depuis 2 ans. Ech spillen zënter 2 Joer.
Excusez moi, je dois y aller, ils m’appellent pour Entschëllegt, ech muss goen, si ruffe mech fir mäi
mon match. Match.
Au revoir - Au revoir. Äddi - Äddi
Mäin Numm ass Juliana. Ech wunnen zu Bäreldeng. Ech si mam Pedro bestuet. Ech kommem aus
Portugal. Ech wunne schonn anerhalleft Joer zu Lëtzebuerg.
Mäin Numm ass Carmen. Ech si Spuenierin. Ech si bestuet an ech hu véier Kanner. Ech schwätze
Spuenesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Ech hunn och Latäin an der Schoul geléiert. Op der Uni hunn
ech Finanz an Economie a Business Administratioun studéiert. Ech si schonn néng Joer zu Lëtzebuerg.
Ech wunnen zu Bereldeng.
Moien. Mäi Virnumm ass Béatrice. Ech si Witfra. Ech wunnen zu Steesel a si Belsch. Meng Eltere wunnen
an der Belsch. Ech hunn ee Jong, hien huet eelef Joer. Säin Numm ass Tom, hien ass am sechste
Schouljoer, mee d’nächst Joer geet hien an de Lycée. Ech schaffe bei der Firma PEDUS an ech si
Comptabel. Ech schwätze Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Ech maache gär Sport, wéi
zum Beispill Fitness. Ech gi gär an d’Sauna. Mäi Jong an ech gi gär an d’Vakanz op d’Plage an d’Sonn.
Ech gi gär Kleeder a Schong akafen. Owes kucken ech d’Telee.
Ech heeschen Isabelle. Ech si mam José bestuet. Ech hunn eng Duechter. Ech wunne schonn zéng Joer zu
Lëtzebuerg an zënter dräi Joer zu Helmseng. Ech ginn all Samschdeg bei meng Elteren. Ech hu Kaze ganz
gär. Ech schaffen an der Restauratioun zënter zwielef Joer.
Ech drénke keen Alkohol an ech fëmmen net. Wann
d’Wieder schéin ass, schaffen ech gär a mengem Gaart.
Ech sinn zu Gouda an der Mëtt vun Holland gebuer. Ech hunn an enger klenger Gemeng bei Rotterdam
gewunnt an ech war zu Rotterdam am Lycée. Ech hunn op der Uni zu Rotterdam studéiert an duerno hunn
Moien, ech heesche Clémence, ech hunn 30 Joer a si Geograph beim CEPS, zu Déifferdéng zënter 5 Joer.
Mäin Aarbechtskolleg heescht Sylvain. Hien ass och 30 Joer al an ass Informatiker. Ech si mam Patrice
bestuet, a mir hunn ee Jong. Hien heescht Thibaut a kritt den 9te Mäerz 3 Joer. Hien ass léif a schwätzt vll.
Hie spillt vill mat sengen 32 klengen Autoen.
Ech wunnen zu Yutz bei Thionville. Viru mengem Haus hunn ech vill Rousestäck. Ech waarden op de
Summer, fir vill Blummen ze hunn. Wann ech Zäit hunn, kachen ech mam Thibaut. Mir gi spadséieren a
maache Kommissiounen.
Mäin Numm ass Rita, ech sinn Däitsch a wunne säit 15 Joer zu Lëtzebuerg. Ech si bestuet mam Claude an
hunn zwee Kanner, de Philipp an d’Laura. Dat sinn déi zwee léifste Kanner vun der Welt. D’Laura huet 14
Joer an de Philipp bal 13. Meng Fräizäit gehéiert menge Kanner, si sinn dat wichtegst fir mech.
Ech maache gär Sport. Ech gleewen un d’Naturgesetzer, déi genial sinn. Ech wëll Lëtzebuergesch léiere
well ech frou sinn hei am Land, a vill lëtzebuergesch Frënn hunn, mat deenen ech hir Sprooch
schwätze wëll.
Main Numm ass Nathalie. Zënter 2 Joer wunnen ech an engem Appartement zu Bereldeng. Ech hunn zwee
Bridder a si si bestuet. Meng Eltere liewen och zu Lëtzebuerg. Ech shaffe fir d’Abtei Neumünster am
Grond zënter dem Abrëll 2004 als Assistentin fir d’Administratioun a fir de Personaldirekter. Zënter dem
Januar 2005 schaffen ech fir den Departement Konferenzen a Restauratioun als “ Chargée de projets “ .
All Dag fueren ech op d’Aarbecht mat mengem Auto. Wann ech Fräizäit hunn, maachen ech gär Sport
(zB: Tennis, Roller Blade, Schifueren, Waasserski… ) Ech dekoréieren och gär mäin Appartement oder
ech gi mat menge Frënn an de Kino oder ech maache Shopping. Fir d’Vakanz maachen ech am léifsten
Auslandsreesen.
Meng Iwwerzeegungen: “On ne voit bien qu’avec le Coeur, l’essentiel est invisible pour les yeux ( Saint Exupéry )
“Et gesäit een nëmme gutt mam Häerz, dat Wesesentlecht ass onsichtbar fir d’Aen.”
Mäi Meedchen heescht Laura a si huet sechs Joer. Hatt huet vill Teddyen a senger Kummer. Hatt geet zu
Helmseng an d’Schoul. Seng Frëndin heescht Lisa. Hatt schaukelt ganz gär. Hatt ësst vill Schokela. Seng
Lieblingsfaarf ass blo. Hatt geet all Freideg an d’Piscine. Isabelle
Meng Duechter Eline huet 5 Joer a si huet zënter 3 Joer Zöliakie. Dat ass eng Krankheet woubäi den
Daarm ugegraff gëtt wa si kee Regime mécht. Si däerf kee Gluten hunn, dat
heescht dass si kee Weess, Kar asw. iesse kann. Doheem ass et kee Problem,
mee wa si eng Gebuertsdagsfeier huet, ass et méi komplizéiert. Ech muss
dann e Kuch backen (ouni Gluten), a speziell Kichelcher a Kammelle
matbréngen. Dann hoffen ech, dass et ongeféier datselwecht ass wéi dat, wat
déi aner Kanner iessen. Ech si Member vum d’Zöliakieveräin. Ech hunn do och e Bakcours gemaach. Dat
war ganz flott an et huet gutt geschmaacht. Judith
Chère Madame Johanns, Léif Madame Johanns,
Je voudrais vous remercier de votre geste de me Ech wollt Iech villmols merci soe fir äre Geste,
rendre les documents que j’avais perdu. C’était mir meng Pabeieren zréckzeginn, déi ech verluer
très gentil de votre part de prendre le temps de hat. Et war ganz léif vun Iech, dat Dir Iech Zäit
ramener mes documents au CEPS. Merci encore geholl hutt meng Kaarten an de CEPS ze
une fois, et j’espère que vous aimez le bréngen. Nach eng Kéier merci, an ech hoffen
chocolat . Dir hutt Schockela gär . Ioana
Merci fir d’Invitatioun. Dat ass ganz léif. Leider hu mir schonn eppes deen Owend. Awer vläicht eng aner
Kéier?
I´ve wanted that for long time. Dat wollt ech scho laang. (Dat hätt ech ewell laang gär gehat.)
Great! Immens!
Als Entrée eng Geméiszopp an als Plat Hämmelskotelette mat Gromperen. A fir ze drénken, e Glas
Spruddelwaasser w.e.g.! Bréngt Der mer nach w.e.g. e Kaffi an d’Rechnung. Merci gläichfalls. Äddi.
Finnola
Ech gätt gär Téi wann ech glift. Fir wéivill ass dat ?
Wat wëlls du drénken ? Ech wëll e Glas Wäin drénken. Mir huele gekachte Fësch mat Gromperen.
Nathalie
1.18 Exprimer ce qu’on aime ou ce qu’on n’aime pas – Soe wat ee gär huet a wat net
Ech maache gär Sport, haaptsächlech Tennis, Golf, schwammen, Yoga a segelen. Ech
drénke gär Wäin. Ech gi gär an de Kino mat menge Kanner. Carmen
1.20 Laisser un bref message au téléphone – Eng kuerz Noriicht um Telefon loossen
Salut Jean. Hei ass de Jos. Kanns du mir zréck uruffen. Ech sinn elo doheem. Merci. Salut.
1.21 Rédiger de courts messages (e-mail, carte postale, sms, ...) – Kuerz Messagë loossen
SMS : Wou bass du ? Ech si schonn am Restaurant. Willy.
1.22 Mener une petite conversation sur la météo – E klengt Gespréich iwwer
d’Wieder féieren
Moien. Moien. Schéi Wieder haut. Ah jo, herrlech. Muer soll et reenen. Neen. Dach. An de
Weekend ? Dat weess ech net. Sou, ech ginn. Salut. Salut. Maach et gutt !
Um zwanzeg op 6 stinn ech op. Um 7 Auer drénken ech Kaffi. Ech iessen e Croissant. Um 8 Auer surfen
ech um Internet. Um halwer 9 joggen ech. Um 11 Auer schwätzen ech mat den Noperen an da ginn ech
akafen. Um 12 Auer iessen ech. Um 1 Auer ginn ech an d’Schoul. Vun halwer 2 bis halwer 4 schaffen ech.
Um véierel vir 4 fueren ech heem. Um halwer 7 kachen ech. Um véirel vir 8 fueren ech an de Cours. Les
Um véierel fir 7 stinn ech op. Ech wäsche mech an ech doe mech un. Um 7 Auer stinn d’Kanner op fir an
d’Schoul ze goen. Um véierel op 7 drénken d’Kanner eng grouss Taass Mëllech. Ech drénke just séier eng
Taass Kaffi. D’Kanner iessen eng Schmier mat Gebeess. Mir ginn aus dem Haus um 20 vir 8 fir an
d’Schoul ze goen. Ech kommen erëm fir richteg Kaffi ze drénken. Da raumen ech d’Haus op. Ech ginn
akafen oder ech maachen eng kleng Visite bei eng Frëndin. Um halwer 11 kommen ech zréck fir ze
kachen. Um halwer 12 ginn ech d’Kanner an d’Schoul sichen. Mir kommen erëm an um véierel op 12
iesse mir. Mir fueren nees um véierel vir 2. Ech kann nomëttes strecken oder heiansdo kachen ech fir owes
wa mir Invitéen hunn. Ech ginn d’Kanner um véierel op 4 sichen. D’Kanner iessen eppes Klenges. Mir
schaffen da fir d’Schoul. Mir ginn duerno spadséieren, fuere mam Vëlo oder der Trottinett. Um 6 Auer
huelen si eng kleng Douche oder ginn an d’Bidden. Um 7 Auer iesse mir. Um 8 Auer ginn d’Kanner an
d’Bett mat enger klenger Geschicht. D’Kanner schlofen um halwer 9. Mäi Mann an ech ginn um 11 oder
halwer 12 schlofen! Emilie
Ech erwäche fënnef vir halwer siwen; ech doe mech un; ech drénken mäi Muerestéi a sinn
um aacht Auer am Büro. Ech sinn Ingenieur. Ech schaffe bei Hitec Luxembourg zu
Hollerich. D’lescht Joer hunn ech mat menge Kollegen eng Antenna fir de Galileoprojet
entworf. Dëst Joer gi mir d’Antenn zu Niederanven „proofbauen“.
Eemol an der Woch, no der Aarbecht, spillen ech Sport; Rugby oder Feld-Hockey, an eemol
an der Woch, Donneschdeg owes, probéieren ech Lëtzebuergesch ze léieren. Dat ass eng schwéier
Sprooch! Charles
Franséisch Lëtzebuergesch
Chaque matin, je me lève à 5h30. Je fais mon gym pour All Mueres erwächen ech um halwer sechs. Ech
30min. Je prends mon douche et je bois mon café. A turnen drësseg Minutten. Ech dusche mech an
7h00, je parts en voiture pour mon boulot. drénke mäi Kaffi. Um siwen Auer fueren ech
mam Auto op d’Aarbecht.
Il y a quelques collègues qui arrivent tôt le matin et il y Et ginn e puer Kollegen, déi mueres fréi
a des collègues qui arrivent vers 9h. Je préfère aller tôt kommen an anerer déi géint néng Auer
pour aussi partir tôt le soir. kommen. Ech gi léiwer fréi fir och owes fréi ze
goen.
Pendant la journée, il y a des activités de coordination Am Dag ginn et Koordinatiounsaktivitéite mat
avec l’équipe de développement, l’équipe d’analyse et der Entwécklungs- an Analys Équipe, an och
aussi communication avec le client. Les problèmes sont Kommunikatioun mam Client. D’Problemer
lies plutôt à la mauvaise compréhension / conflits parmi leien éischter bei engem schlechte Verständnes /
les différent parties. Je dois aussi réviser des documents
Konflikter tëschent de Parteien. Ech muss och
et des produits avant qu’ils sont envoyés au client.
Dokumenter a Produkter nokucken, éier si bei
de Client geschéckt ginn.
Il y a une pause déjeuner, mais quelquefois je préfère Et gëtt eng Mëttespaus, awer heiansdo iessen
de manger seulement un sandwich. Je pars environ à ech léiwer e Sandwich. Ech gi géint fënnef
17h. Quelquefois je vais au super marche. Auer. Heiansdo ginn ech an de Supermarché.
Normalement, je vais à la piscine 2 fois par semaine, Normalerweis ginn ech zweemol d’Woch an
mardi et jeudi. J’ai mon cours de luxembourgeois lundi d’Piscine; Dënschdes an Donneschdes. Ech hu
soir.
mäi Lëtzebuergeschcours Méindes owes.
Pendant la semaine, je cuisine des repas qui n’ont pas An der Woch kachen ech Saachen, déi séier
beaucoup de temps de préparation et c’est pendant le ginn. De Weekend kachen ech richteg; No
weekend ou on cuisine des vrais repas ; la famille est Joeren ass d’Famill dëse Liewensstil gewinnt.
habituée à ce mode de vie après des années. Je regarde Ech kucken e bëssen Tëlee, ech hu gär
un peu de télé, j’aime des séries policières et je me
Polizeiserien an ech gi géint zéng Auer
Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – jmnau@pt.lu – ech kann …- 13 -
Franséisch Lëtzebuergesch
couche vers 22h. schlofen.
Voila une journée typique ! Voilà en typeschen Dag! Eleni
All Mueres erwächen ech um zwanzeg vir sechs a maache meng Toilette. Ech drénken näischt. Um sechs
Auer fueren ech mam Auto op d’Aarbecht op de Sennengerbierg. Um halwer siwe soen ech menge
Kollege gudde Moien a fänke mat schaffen un. Ech schaffen an der Restauratioun vun enger Bank. Meng
Aarbecht ass am Dag de kaffi bei d’Clienten an d’Konferenzsäll droen. Mueres preparéieren ech
d’Charcuterie an d’Cruditéiten fir Sandwicher ze maachen, fir de ganzen Dag. Um eelef Auer iessen ech
an um halwer zwielef sinn ech an der Caisse an hëllefe menge Kollegen. Ech ginn um véierel op dräi
heem. Um véier Auer ginn ech zu Fouss mäi Meedchen an d’Schoul sichen. Wa mir doheem sinn, ësst mäi
Meedechen eng Schmier an drénkt a Schoki. Duerno maache mir seng Hausaufgaben. Géint sechs Auer
fänken ech mat kachen un a mäi Meedchen hëlt seng Dusch. Um siwen Auer iesse mir an um aacht Auer
get mäi Meedche schlofen. Mäi Mann an ech schwätzen a kucken e bësse Fernseh. Ech dusche mech a gi
géint eelef Auer schlofen. Isabelle, W2
Fir d’éischt sinn ech opgestan. Ech hunn d’Zänn gewäsch, hu mech gewäsch, an natierlech hunn ech de
Baart gemaach. Ech hu mech ugedoen. Da sinn ech mam Muppi an de Gaart gaang wou hie seng Aarbecht
gemaach huet. Dann hunn ech de Muereskaffi gedronk; Téi (mat Mëllech an ouni Zocker), Toast oder
Müsli oder Quäcker. Dann hunn ech d’Dier zougespaart, sinn d’Trap erausgaang, hunn de Vëlo aus der
Garage geholl a si mam Vëlo op d’Aarbecht gefuer. – Ech fueren all Dag mam Vëlo op d’Aarbecht! Mike
Wéi ech mäi leschte Weekend verbruecht hunn.
De leschte Weekend war flott fir mech. E Samschdeg de Moien hunn ech mat menger
Colocatairin Kaffi gedronk. Duerno si mir zesummen op d’Foire op de Kierchbierg
gefuer. Do war eng Edelstengaustellung. Op der Foire hunn ech zwou Frëndine getraff:
d’Gabi an d’Valérie. Mir hunn zesummen d’Steng gekuckt. Jiddereen huet e Collier
kaaft. Mäi Collier ass mat Lapis-Lazuli, Turcoise a Grenatsteen. Wéi ech de Collier kaaft
hat, wollt ech e menger Mamm schenken, mee elo denken ech, ech halen e fir mech.
No der Edelstengaustellung si mir mam Valérie op Walfer gefuer, fir d’Bicherdeeg. Mir hu fir d’éischt eng
Taass Téi gedronk mat engem Stéck Kuch. Duerno si mir d’Bicher kucke gaang. Ech war frou dat ech e
Superjemp Buch mat Dedicatioun vum Roger Leiner kritt hunn. Ech fannen d’Bicherfoire ganz flott.
Owes si mir Indesch iesse gaang. Mäi Plat war ze schaarf an ech hunn net vill giess. D’Brout war awer
ganz gutt. No engem ganzen Dag spadséieren a Lëtzebuergesch schwätzen, war ech frou am Kino ze
sëtzen. Mir hunn den James Bond Film gekuckt. Ech mengen et war ze vill Gewalt am Film an den James
Bond war net esou en Gentleman an dësem Film. De Sonndeg, sinn ech mëttes opgestan a war de ganzen
Dag am Pijama. Ech hu gelies, Musik gelauschtert, giess a geschlof. Dat war e perfekte Sonndeg! Ioana
Gudden Owend. E Freideg den Owend sinn ech mat de Frënn an de Kino gaang. Duerno hu mir am
Restaurant giess. Ech hunn 9 Stonne geschlof. Samschded Moied hu mir mat de Kanner an dem Proff Golf
gespillt. Mëttes hu mir doheem giess. Nomëttes hunn d’Kanner d’Aufgab mat mir gemaach an den Alvaro,
dee Klengen, eng Siesta. Déi aner zwee Kanner hunn ech bei Frënn geféiert. Duerno hunn ech mat deenen
anere gespillt. Um halwer siwen hunn ech d’Kanner geduscht an d’Iesse gemaach. D’Kanner hunn d’Zänn
gebotzt an ech hunn hinnen eng Guttnuechtgeschicht gelies. Duerno hu mäi Mann an ech zu Nuecht giess.
Sonndes moies si mir mat de Kanner an d’Mass gaang. Mëttes hu mir doheem giess a nomëttes hu mir
mam Hond an de Vëloen e grousse Spadséiertour an de Bësch gemaach. Owes hunn ech gekacht a mir
hunn zesumme mat de Kanner giess. Wéi d’Kanner am Batt waren, hu mäi Mann ech gelies an duerno si
mir schlofe gaang. Ech hu mech gutt ameséiert. Carmen, W
Franséisch Lëtzebuergesch
Samedi matin, je suis allée à la piscine à pied E Samschdeg de Moie war ech zu Fouss an
pour voir de près la neige qui tombait. d’Piscine fir de Schnéi ze gesinn, dee gefall war.
Dimanche matin, je suis allée avec mon ami E Sonndeg de Moie war ech mat mengem Frënd
pour une promenade dans la forêt de Steinsel. zu Steesel an de Bësch spadséieren.
Il n’y avait pas beaucoup de neige et on n’a Et gouf net vill Schnéi a mir hunn net vill Fotoe
pas pris beaucoup de photos. geholl.
Il faisait froid et mes mains étaient très Et war kal a meng Hänn ware ganz kal; mir
froides ; on s’est promené presque une heure. ware bal eng Stonn spadséieren.
On a rencontré d’autres gens, une famille Mir hunn aner Leit getraff, eng Famill mat zwee
avec 2 enfants et un homme qui promenait Kanner an e Mann mat sengem Hond.
son chien.
On a bu un café dans le restaurant qui est Mir hunn e Kaffi am Restaurant vis-à-vis vun
situé en face de l’église der Kierch gedronk.
Quel bonheur de boire quelque chose de Wat e Gléck eppes Waarmes ze drénken !
chaud !!! Eleni, W2
1.24 Comprendre l’essentiel des nouvelles dans le journal télévisé ou à la radio – Dat
Wesentlecht an den Neiegkeeten op der Telee oder am Radio verstoen
International News http://news.rtl.lu/news
Dalai Lama dreet domadden zréckzetrieden
RTL - 18.03.2008, 16:20
Den Dalai Lama annoncéiert, datt hien als Chef vun der tibetescher Exil-Regierung wëll
zrécktrieden, am Fall wou d'Protester ausser Kontroll géife geroden
Belsch: Endlech eng nei Regierung!
RTL - 18.03.2008, 11:20
D’Belsch huet endlech eng nei Regierung: D’Chrëschtdemokraten, déi Liberal an déi
frankophone Sozialisten hunn sech op ee Koalitiounsaccord geeenegt.
faire répéter W.e.g. ! Kënnt Dir de Saz nach eng Kéier widderhuelen.
demander de parler plus lentement Kënnt Dir méi lues schwätze w.e.g.
J’aime aller à la piscine; je vais a la piscine Ech gi gär an d’Piscine; ech ginn all Woch
4 fois chaque semaine. véiermol an d’Piscine.
J’aime visiter les magasins pour les Ech gi gär an d’Geschäfter wéinst de Kleeder.
vetements.
Je m’interesse aux excursions pour me Ech interesséiere mech fir Excursiounen fir ze
promener et prendre des photos. spadséieren an ze fotograféieren. (Eleni)
2.5 Parler de la pluie et du beau temps – Vum Wieder an aner Saache schwätzen
Ana: O…brrrr….Et geet. D’Wieder ass schlecht. Et ass kal. D’Temperatur geet erof.
Luca: Ech hunn de Wanter an och den Hierscht gär. Ech kann all Dag am Bësch lafen a mam
Vëlo fuere wann et net ze waarm ass..
Ana: Mee…. et ass haut fiicht an äiskal! 5 Grad ënner Null! An d’Sonn schéngt net. Den
Himmel ass zou. De Wand bléist mat 90 km an der Stonn.
Ana: Wat e Wieder! Bei ellenem Wieder bléiwen ech gär doheem. Ech hunn am léifsten de
Summer an d’Fréijoer – wann d’Sonn schéngt an et ass waarm, 25-30 Grad oder méi –
Hëtztwellen! Et geet och mat klenge Reendrëpsen oder Reeschaueren, a mat e bësse Blëtz an
Donner, klenge Wolleken, an e Reebou.
Luca: O nee! Dat ass ze waarm fir mech! Elo ass et fiicht an äiskal. Mir kënnen e
Schnéimännche maachen, an am Bësch lafen. An de Wand dréit sech! Loosse mer hoffen, dass
d’Wieder esou bleift!
Ana: Ech muss heem goen. Et fänkt u mir kal ze ginn. Ech sinn duerch an duerch naas. Awar
Luca. Luca: Awar Ana Agata
Neen, ech sinn net d’accord mat iech: dat ass schlëmm.
Bonjour. Ech géing gär en Dësch reservéirere fir Et ass notéiert. Kouba, 5 Persounen, um 7 Auer?
e Freideg den Owend 7 Auer. Gitt mir Är Telefonsnummer, w.e.g.
Um Telefon
Artur : Moie Julien. Wéi geet et ? A: Net fir mech, ech gi fuere fir mäi
Julien : Gutt, e bësse midd, mee et geet, an du? Führerschäin.
A: Mir geet et gutt, mee meng Mamm ass krank. J: Ah! An de Samschdeg ginn ech lafen an de
Sonndeg fueren ech mam Vëlo.
J: Ah zut, dat ass d'Wieder. Et ass ze kal.
A: Dat geet ni! A wat maache mir elo?
A: Ma jo. A wéini kënns Du bei mech?
J: Mee de Samschdeg ginn ech lafe bis 12Auer an
J: Wann ech d’Zäit hunn.
duerno mëttes ...
A: En Dënschdeg den Owend?
A: Oh e Wonner. Kënns du direkt fir z’iessen?
J: Neen, ech gi schwamme fir den Triathlon.
J: Dat ass eng gutt Iddi. Ech komme mat enger
A: De Mëttwoch? gudder Fläsch Wäin.
J: Neen, Mëttwochs ginn ech an de A: Dat ass och eng gutt Iddi.
Lëtzebuergeschcours. An duerno gi mir an der Kino.
A: En Donnechdeg dann? J: Tipp topp. Bis e Samschdeg dann. Julien
J: Och net, da ginn ech och schwamen. An de
Freideg, geet dat?
2.8 Exprimer mes souhaits quand je fais mes courses – Meng Wënsch ausdrécken,
wann ech akafe ginn
An der Epicerie Client : Ech hätt gär e Pak Räis w.e.g.
Epicier: Jo, voilà Monsieur.
Client : Moien.
Client : Hutt dir Drauwen ?
Epicier: Gudde Mëtteg.
Ech ginn an e Vëlosgeschäfft, an ech wëll e roude Vëlo kafen! (Antoine, CEPS)
Client: Moien, hutt Dir e bëllege roude Vëlo, Client: €1000! Dat ass ze deier. Ech hunn
w.e.g. ? nëmmen €300.
Verkeefer : Wëllt Dir e Vëlo fir all Dag schaffen Verkeefer : Ok, kee Problem, ech hunn och méi e
ze fueren, oder ass et fir nëmme Sonndes domat bëllege Vëlo, awer en ass gréng.
ze fueren? Client : Jo tipp topp, dann huelen ech dee
Client : Et ass fir all Dag. gréngen !
Verkeefer: Hei ass e schéinen a séiere Coursvëlo! Verkeefer : An der Rei. Villmools merci.
E kascht nëmmen €1000.
Kënnt Dir mir hëllefen, w.e.g.? Ech sichen ... Can you help me, please? I am looking for ... (the
(d´Gare) station)
Entschëllegt, kënnt Dir mir soen ob / wéi / Excuse me, can you tell me if / when / how / how
wéivill ... much ...
Entschëllegt, kënnt Dir mir de Wee fir an Excuse me, can you show me the way to town?
d’Stad weisen?
Entschëllegt, wann ech glift, ass hei ... (eng Excuse me, please, is there ... (a bus stop near here /
Haltestell no bäi / an der Géigend?) (nach in the area?) (a free place?)
eng Plaz fräi?)
Wat fir e Bus fiert an d´Stad, w.e.g.? Which bus goes to the town, please?
Entschëllegt, ass de Bus scho fort? Excuse me, is the bus gone yet?
Allo, ass do den Hotel Astoria? Hello, is that Astoria hotel? Petra
Um Telefon
Client: Moien, ech telefonéiere fir mäin Zuchticket ze préiwen. Ech heesche Julien Tasiaux.
Zuchbeamten: Awar.
CFL: Moien, mäin Numm ass Sadat. Ech wëll gär mam Zuch muer de Mëtteg op Esch fueren. Wéi fueren
Zich w.e.g. a wat kascht den Ticket w.e.g.?
HIFI: Kënnt Dir mir w.e.g. erklären, wéi eng Optiounen dës Telee huet?
Urgence: Wou ass dat nächst Spidol hei an der Stad w.e.g.?
Gemeng: Wéi eng Pabeiere brauch ech fir mech hei an der Gemeng unzemelle w.e.g.?
Luxair: Kënnt Dir mir soen op muer e Fliger op Belgrad flitt w.e.g.?
- Bonjour. Mir hunn iwwer Internet bei shoppingday.de eppes bestallt an hunn dës Wuer ni kritt. Op Emailer
äntwert keen. Wann een do urifft, ass just e Répondeur, mee kee rifft zréck. Wéi kënne mir ons uleeë fir onst
Geld zréckzekréien? (€80)
- Bonjour. Mir hunn de folgende Problem. Eise Jong hat an England eng Wunnéng fir e Joer gelount an do eng
Cautioun ubezuelt. Dës Cautioun gëtt him elo net rembourséiert well d’Agence fënnt dass d’Wunnéng net an der
Rei war, dass si hu missten en Teppech ersetzen, asw. Hir Inspektioun ass gemaach ginn nodeems eise Jong
d’Wunnéng scho verlooss hat, a wor also net bei der Inspektioun dobäi, obschonn hien hinnen 3 Wochen am
viraus matgedeelt hat wéi hien nach an England war. Mir halen eis elo kuerz, mee mir hu selbstversändlech déi
sämtlech Korrespondenz a Photoe vun der Wunnéng beim 1. Anzéien. Merci am viraus fir är Äntwert. Mat
schéine Gréiss, X X
Ech hunn e Problem, ech hunn en Zant wéi zënter zwee Deeg. Ech kann net iessen, net schlofen, an net
schaffen. Ech war Medikamenter an d’Apdikt sichen, mee dat hëlleft net, ech hunn nach wéi. Meeschtens
hunn ech ni Zänn wéi, well ech ginn zwee mol pro Joer bei den Zänndoktor. W.e.g. kennt Dir eppes fir
mech maachen, et ass ganz wichteg. Muer organiséieren ech eng Party doheem, mat vill Leit: 35
Persounen, et ass mäi Gebuertsdaag ! An ech freeë mech drop! Lina, Capellen
Ech si 4 Méint schwanger. Ech spiere mech net ganz gutt. Ech wëll mech
iwwerginn. Mäi Partner hëlleft mir vill. Heiansdo mécht hien näischt. Hien nerft
mech. Hie versteet mech net. Ech schwätzen och net mat him. Meng éischt
Schwangerschaft war méi einfach. Ech hunn Angscht. Ech si beonrouegt. Ech hu
Kontraktiounen an et deet wéi. Mat all Bëbee ass et anescht.
Kontext : Ech hunn eng Frëndin heem invitéiert. Hatt telefonéiert: hatt kann d’Haus net
fannen. Ech erklären de Wee:
Ech : Ok. Ech gesinn däin Auto. Ech si frou dech ze gesinn. Terryn
Zeechnung:
Ee Kilometer virum Tunnel huet et –chchrrr- gemaach, a mat 130km an der Stonn. Ech sinn ëmmer méi
lues gefuer bis op d’Standspuer. E Pneu war futti.
Ech hunn der Pannenhëllef telefonéiert, hu meng orange Jackett ugedoen an d’Warndräieck opgestallt. Eng
hallef Stonn méi spéit koum d’Dépanneuse. De frëndleche Mann huet eis mam Auto uewendrop an eng
Garage gefouert, an dat war Spaass fir mäi Jong.
Däitsch: Hallo Nachbar. Wie geht’s ? Wie war Lëtzebuergesch: Moien Noper. Wéi geet et? Wéi
Euer Urlaub ? war är Vakanz?
Super, leider zu kurz aber wir haben viel Ganz flott, vill ze kuerz awer mir hu vill gesinn.
gesehen.
Ja, wir mögen gern neue Länder und Kulturen Jo, mir hunn gär nei Länner a Kulturen a mir si
lernen und wir lieben den Kontakt zu den frou Kontakt ze hu mat de Leit déi do wunne wou
Einheimischen. mir an d’Vakanz ginn.
Wir mögen auch gern ferne Destinationen, Mir reesen och gär ganz wäit ewech, mee mir hu
bevorzugen aber den Strand und die Ruhe. léiwer d’Plage an d’Rou.
Wir sind keine grossen Abenteurer und können Mir si keng grouss Abenteurer a kënnen eis net
uns nicht vorstellen, zum Beispiel eine virstellen z.B. mam Rucksak en Trekkingtour ze
Trekkingtour mit dem Rucksack zu machen. maachen.
Naja, jedem sein Geschmack. Auf jeden Fall Sou ass dat, jiddereen huet säi Goût. Jiddefalls eng
einen schönen Urlaub. schéi Vakanz.
Ech mussen soen dass d’Wieder zu Lëtzebuerg net agréabel ass. Am Wanter ass et ganz kal an ech hunn
d’Impressioun dass e 6 Méint dauert. De Summer ass ganz kuerz an net waarm. En fait, hätt ech gär dass
de Summer d’ganzt Joer dauert. Vera B.
4.6 Exprimer son opinion et donner son avis – Seng Meenung soen
Ech denken dass jidderen eppes maachen kann, fir d’Ëmwelt ze verbesseren, wéi zum Beispill mam Bus
op d’Aarbecht fueren, seng Offäll triéieren (sënneren) eng Dusch huelen amplaz d’Bidden an ökologesch
Produkter kafe wann et méiglech ass. Dat ass meng Meenung. Vera N.
Zu Lëtzebuerg schwätze mir vill Sproochen : Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. D’Léit déi hei gebuer
sinn, hu méi Méiglechkeeten eng besser Aarbecht ze fannen hei am Land oder am Ausland, well vill Leit
schwätzen och Englesch, Spuenesch, Italienesch oder Portugisesch.
Ech denken dass et ganz schwéier fir d’Immigranten ass, sech z’integréieren, well si
mussen eng vun den dräi Sproochen hei zu Lëtzebuerg léieren. Ech mengen
td’Portugise léiere méi einfach Franséisch an d’Englänner si vläicht besser am
Däitschen. Wa mir déi dräi Sproochen net beherrschen (maîtriséieren), si mir am
- D’Kanner sinn un d’lëtzebuerger Schoulsystem gewinnt. - Den Aarbechtswee wier vill méi wäit.
- Mir hu vill Frënn zu Walfer. (Andrea)
4.12 Se justifier
... … … …
Gemengebamten: Moie Madame, wéi kann ech iech A: Ech heesche Milena K.
hëllefen? G: An äre Gebuertsdag?
Awunnerin:Ech komme mech op d’Gemeng A: Den 10ten Abrëll 1952 zu Slunj a Kroatien
umellen, well ech si grad eréischt geplënnert.
G: Wéi ass dann är nei Adress?
G: Da sot mir w.e.g. fir d’éischt emol ären
Numm. A: 1, route d’Arlon op der Cap
Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – jmnau@pt.lu – ech kann …- 31 -
G: Wunnt Dir aleng do? G: A wat schafft äre Mann an äre Bouf?
A: Neen, mat mengem Mann, dem K Petar a A: Mäi Mann ass Zänntechniker a mäi Bouf ass
mengem Bouf, dem K Zarko. zu Stroossbourg op der Uni.
G: Hutt Dir nach aner Kaner? G: Sou Madame, hei hutt Dir ären neien
Certificat de résidence.
A: Jo, eng Duechter, mee hatt wunnt net méi bei
eis. A: Merci, dat ass jo séier gaangen.
G: Wat ass dann äre Beruff? G: Gär geschitt. Äddi an e schéinen Dag.
A: Ech sinn an der Pensioun. A: Merci, Iech och.
Ech maache moies keng Kaffispaus awer ech drénken Kaffi iwwert der Aarbecht. Um véier Auer mëttes
maachen ech eng Waasserpaus. Ech hu keng regelméisseg Zäit fir d’Mëttegiessen, ech iessen dacks
nëmmen eppes klenges. Ech schaffe bis siwen Auer.
Winker, … hannen, … vir, … riets, lénks. D’Luuchten umaachen, … D’Niwwelluuchten, … déi aner Säit,
… déi grouss Luuchten (d’Pharen), …
Kënnt Dir weiderfueren ! De Motor lafe loossen. … Rückgang … Motor ausmaachen, … de Capot
opmaachen, …, … d’Foussbrems drécken.
Kilometerstand ? alles ausmaachen. ... Dir musst waarde bis dee fort ass, … e bësse weider.
Changer de l'argent Ech géif gär 100 Euro an Dollar wiesselen. Wat ass de
Wiesselcours vun haut w.e.g.?
Retirer de l'argent Ech géif gär 500 Euro vun dësem Kont ophiewe w.e.g.
Ech hiewe gär 100 Euro vu mengem Kont op w.e.g.
Demander un relevé de compte Kann ech e Relevé vu mengem Kont kréie w.e.g.?
Pouvez-vous me dire quels sont les timbres que je Kënnt Dir mir soen, wéi eng Timberen op
dois appliquer à chaque lettre ? d’Bréiwer kommen ?
Avez-vous des séries de timbres de collections Hutt Dir Serie vun Timbere als Kollektioun
S.V.P. w.e.g. ?
Quand arrivera cette lettre pour la France S.V.P.? Wéini kënnt dëse Bréif a Frankräich un
w.e.g. ?
6.3 Am Supermarché
Ech gi mam Bus an de Supermarché. Ech kommen dohiner un an ech hunn eng Fro. Ech froen an der
Information no.
P: Wann ech gelifft, wou ass de Rayon vun der Verkeefer: Dat ass niewendrun!
Charcuterie? P: Merci.
Verkeefer: Also, Dir gitt riichtaus an dann nom Am Vëlosrayon:
Kéisrayon lénks.
P: Bonjour, ech sichen e Vëlo. Wéi eng Faarf
P: Villmols merci. kënnt Dir recommandéieren?
Verkeefer: Et ass gär geschitt Verkeefer: Gro mat wäiss getëppelt ass besser
Um Rayon ukomm ; wéi giel mat rosa gesträift!
P: Ech hätt gär siwe Scheiwe Bauerenham an Ech gi bezuelen. Et si vill Leit bei der Keess dat
honnertfofzeg Gramm geschnidde Salami w.e.g. hescht ech muss waarden.
Verkeefer: Ok, a soss nach eppes? P: Kann ech mat der Kreditkaart bezuelen?
P: Nee merci, dat war alles! Scheinen Dag nach. Verkeefer: Majo sécher!
Verkeefer: Merci gläichfalls. Ech huelen de Bus fir heem ouni Velo (awer mat
Schong).
P: Ech well och nach e Vëlo kafen.
Pascal
6.6 Am Restaurant
Doheem, owes, hunn ech wëlles en Dësch an engem Restaurant ze reservéieren. Ech huelen also den
Telefon a ruffen am Restaurant un.
- Restaurant Riviera, Gudden Owend.
- Gudden Owend, hei ass d’Marianne Perroni. Ech géing gär en Dësch reservéieren, muer den
Owend um 8 fir véier Persounen.
- Voilà, äre Schampess. Wëllt Dir scho - Kënnt ech iech als Dessert Glace mat
bestellen? waarmer Framboisezooss virschloen?
Oder Dir kënnt tëschent Äppelkuck an
- Gär. Mir huelen alleguer de Menu de Dame Blanche wielen.
Saison; zweemol d’Geméiszopp an
zweemol de Velouté de tomates. Als - Dann eemol Glace mat Framboisezooss
Haaptplat véiermol den Hirschgulasch. an dräimol Äppelkuch. Wär et méiglech
de Kaffi direkt matzervéiert ze kréien?
- Ass notéiert. Hätt Dir gär Wäin?
- Selbstverständlech.
- De roude Wäin vum Haus, an der Fläsch
(No e puer Minutten)
w.e.g.
- Kënnt Dir ons w.e.g. d’Rechnung ginn?
- Gudde Choix, merci.
(No 15 Minutten) - Dir hutt Chance, haut braucht Dir net ze
bezuelen.
Mike B, am Restaurant La Pyramide, Gonderange www.eurohotel.lu
Meng Fra an ech sinn d’lescht Woch an e Restaurant op Gonnereng gefuer, wou eis de Menu du Jour vu
Frënn recommandéiert ginn ass. Wéi mir ukomm sinn, war et halwer eng, a mir hate keng Plaz reservéiert.
Mee glécklecherweis waren net vill Clienten do, dofir hu mir séier en Dësch nobeim Agank fonnt. E
Garçon ass direkt un eisen Dësch mam Menu komm. Dunn ass dëst Gespréich geschitt:
De Garçon: Gudde Moien! Hei ass de Menu. Ech kann iech de Menu du Jour häerzlech uroden.
Ech: Merci villmools. Wat steet um Menu?
6.7 A l’hôtel
6.7.1 Demander la confirmation d’une réservation
Op der Aarbecht.
Mäin Numm ass Brigitte.Ech wunnen zu Gonneréng, an am Moment bekëmmeren ech mech ëm meng
Famill. Ech hu fir Coiffeuse a Maquilleuse geléiert. Ech si bestuet mam Nico, dee Lëtzebuerger ass. Ech
sinn am Land vum gudden Iessen a Wäi gebuer, zu Amiens a Frankräich. Mir hunn zwee Bouwen, een huet
véieranzwanzeg Joer an dee jéngsten zwanzeg Joer. Meng Hobbie si Bastelen, an den Theater an an de
Kino goen, Concerte lauschteren, Nordik-Walking, Shopping an op d’Rees goen soubal et méiglech ass.
An zwar am léifsten op Korsika, Südfrankräich oder an d’Bretagne.
Ausserdeem interesséieren ech mech ganz vill fir international Kichen an déi mat Frënn un engem Dësch
ze genéissen. Meng Devise ass: „D’Nächsteléift fänkt bei sech selwer un“
Mäin Numm ass Charles. Ech sinn Englänner. Ech sinn 1961, doheem zu “High Cross”, engem klengem
Duerf 100km nördlech vu London, gebuer. Véier Joer hunn ech do gewunnt, a meng Schwëster ass och do,
doheem, gebuer.
Vun 1964 aus un hu mir zu Dublin an Irland gewunnt (1961 sinn mir zu Dublin an
Irland wunnen gang). Meng zweet Schwëster ass zu Dublin gebuer an dofir ass si
Irlänerin. Mäi Papp, meng zwou Schwësteren, meng zwou Niessen a meng dräi
Neveue wunnen nach ëmmer zu Dublin
1
chahut, vacarme, tohu-bohu
Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – jmnau@pt.lu – ech kann …- 38 -
Ech war Schüler zu Dublin, a vu véierzéng Joer aus un Pensionatsschüler zu Hertford an England. Dat war
schwéier. No der Schoul, hunn ech Ingénerie zu Trinity College Dublin studéiert.
Meng éischt Aarbecht war zu Portsmouth an England, a meng zweet war am klengste Land vun der E.U.;
Lëtzebuerg. 1986 sinn ech fir d’eischte Kéier op Lëtzebuerg komm. Ech war net bestuet an aleng; ech sinn
mat nëmmen enger Valis komm. Elo sinn ech bestuet, mat enger Englänerin déi ech zu Letzebuerg
kennegeléiert hunn. Mir hunn elo en Haus, zwou Duechteren, zwee Autoen, zwou Kazen and 756 Cden.
Eis éischt Meedchen ass a Frankräich gebuer, well mir tëschent 1989 an 1992 bei Paräis gewunnt hunn.
Dat zweet war an der Maternité hei zu Lëtzebuerg gebuer. Mäi Papp huet dräi Kanner a siwen
Enkelkanner, déi a véier verschidde Länner gebuer sinn.
Ech sinn am Juni 19... vu Portugal op Lëtzebuerg komm, mat mengem Brudder.
Am Ufank si mir just komm fir Vakanz ze maachen, mee meng Elteren hunn decidéiert dass mer hei
bleiwe mussen. Ech war net frou a mäi Brudder och net, well mir kee Franséisch, Lëtzebuergesch oder
Däitsch schwätze konnten. Mir sinn an d'Belsch an d'Schoul gaang. Dono war ech och an England an an
Däitschland an d'Schoul gaang. Dat ass de Grond firwat ech kee Lëtzebuergesch schwätze kann. Ech sinn
am Juni 1974 vu Portugal komm......
Dann hunn ech op enger norwegescher Bank geschafft.
Volley-ball hunn ech dun och gespillt zu Diekrech, mee schnell war mir dëse Spaass ze ustrengend.
Mäi Liewen huet dora bestan: schopping, rausgoen a mech amséieren, mee dun hunn ech mäi Mann
kennenngeléiert an domat war mäi schéinst ¨single¨ Liewen riwwer.
Schnell war eist 1. Kand ënnerwee a mir hunn zu Guedber en Haus gebaut. Kuerz drop war dun och dat 2.
Kand ënnerwee, a geschafft hunn ech och net méi.
Viru kuerzem war eist Liewen zu 4 an der ¨rue des champs¨ nach ganz roueg, ze roueg fir mech deen dun
an der ¨rue Schiltzberg¨ onbedéngt en neit Haus wollt bauen. Stress a Schweess waren um
Daagesprogramm, mee lo ass et riwwer a mir bereien et net geplënnert ze sinn.
Sou, dat war e Resumé vu mengem Liewen hei zu Lëtzebuerg, mee eppes kann ech iech soen : näischt an
der Welt giff mech dozou bréngen hei fortzegoen, och wann ech kee Lëtzebuergesch schwätze kann.
E spezielle Merci fir mäi Meedche Laura. (Maria K.)
Dat ass eng schéi Fro. Ech kann net einfach mat jo oder neen äntweren. D’Besserung vun der Welt duerch
reng a gutt Doten an en éierbaart Verhalen ass e bësse méiglech, mee net sou vill. E bësse firwat net. Et ass
scho gutt wann d’Leit eng Hoffnung hunn. Mat der Hoffnung maachen d’Leit net ëmmer wat gutt ass, mee
dacks, an et ass wichteg dass si gleewen ëmmer gutt Doten ze maachen an e positivt Verhalen ze hunn. Dat
ass e Projet am Kapp, eng Meenung vun alle Leit, mee d’Mënschen sinn net all d’selwecht an d’Wënsch si
ganz verschidden. Mir liewe gutt, mee anerer liewen net sou gutt. Mir kënne wënschen, vill ze realiséieren,
mee et kommen ëmmer nei Wënsch derbei. A sou geet et weider. D’Gesetz ass eng Limite, mee vill Leit
wëllen d’Limite iwwersprange fir eppes guddes fir sech ze maachen, mee dat ass net gutt fir aner Leit.
D’Mënsche sinn net gläich ; et gi räich an och aarm Leit. Déi räich wëllen nach méi räich ginn an déi aarm
wëllen och hire Stéck vum Kuch. Sou ginn et vill Konflikter tëschent de Mënschen a jidderee geet sengen
Iddien no a schafft fir säin eegenen Interessen. Et gëtt vill Déiwer a Ligner op der Welt, an och vill frech
Mënschen déi kee proppere Geescht hunn. Mat hirem Verhalen an hiren Doten ass et onméiglech d’Welt
besser ze maachen. D’Welt hautdesdaags ass net sou schlëmm. Mee an Zukunft wäert d’Welt méi
schlëmm ginn. D’Leit solle sech adaptéieren a probéiere gutt ze sinn, en éierbaart Verhalen hunn, mat der
jeweiliger Situatioun kämpfen a sech verdeedegen. (21.10.08 Walfer, R.) vun enger Persoun déi vill mat
kranke Leit geschafft huet.
„Panik am Paradäis“ ass eng Rees voller Pointen duerch 28 Joer litteraresche Cabaret zu
Lëtzebuerg. 1981 huet de Guy Rewenig säin éischte Cabaret−Programm geschriwwen, dee
gläich e groussen Erfolleg hat. Ee vun de Schauspiller war deemols de Christian Kmiotek.
Zanterhir hunn de Rewenig an de Kmiotek an enger ganzer Rëtsch Theaterproduktiounen
ëmmer nees zesumme geschafft. Et ass also net vun ongeféier, datt de Christian Kmiotek elo mat engem
best of vum Guy Rewenig sengen Texter fir de Cabaret optrëtt.
Charakteristesch fir dem Guy Rewenig säi Cabaret sinn de Sproochwitz an déi schaarf politesch
Karikaturen. „Panik am Paradäis“ ass dofir och eng Zort ironesch Geschichtsstonn iwwert bal dräi
Joerzéngte pechschwaarz Zäiten am Granduschi. De Christian Kmiotek huet fir dëse Programm en
ongewéinleche „One−Menn−Show" entwéckelt, deen him erlaabt, an dene verschiddenste Rollen
opzetrieden, vum perfide Bommefabrikant aus dem Joer 1981 bis zum groteske Katastrophemanager aus
7.4 Faire un exposé sur un sujet qui m’intéresse (avec notes écrites et préparation)
D’SOPHROLOGIE - Eng kuerz Presentatioun
La SOPHROLOGIE a été créée en 1960 par le neuro-psychiatre colombien Alfonso
Caycedo.
La sophrologie (du grec Sos - harmonie et Phren – esprit) est née de l’alliance de
différentes médecines, traditions et cultures de l’Orient et de l’Occident. Elle rassemble
des méthodes de relaxation dynamique et des exercices de développement personnel qui
permettent de retrouver une harmonie du corps et de l’esprit, clé-même de l’équilibre.
La sophrologie vise, entre autres, à développer la capacité d’une écoute attentive et
bienveillante de soi. La prise de conscience de ses sensations dans un niveau de détente
profond permet le relâchement physique et mental, le lâcher prise, qui autorise, dès la fin
de la séance, une nette récupération de ses capacités, une « défatigabilité » tant
musculaire que nerveuse.
La sophrologie développe par ailleurs une aptitude à élaborer des images mentales, à
visualiser des situations et des sensations reproductibles à souhait. Elle débouche ainsi sur la possibilité d’atteindre
un état permanent de maîtrise de soi.
Elle est donc recommandée pour la gestion du stress, la préparation aux examens, la
préparation à la naissance, les troubles du sommeil…]
Fir mech ass et wechteg chrëschtlech ze sinn. Ech kann mir e Liewen ouni Relioun net virstellen. Ech si sécher
dat Gott existéiert a Gott ass fir mech ëmmer an iwwerall do. Glawen ass eng perséinlech Saach. Dat kënnt
vum Häerz, dat kann een net léieren. Ech gi mat menge Kanner an d'Kierch a mir feieren d’Fester doheem; op
déi Manéier léieren si de Glawe kennen; mee ob si dann enges Dags selwer gleewen oder net, do kann a wëll
ech keen Afloss drop hunn. Fir mech ass et awer richteg dat hei an Europa, mat enger chrëschtlecher
Traditioun, déi chrëschtlech Wäerter an der Schoul geléiert ginn. Et geet net drëm dat e Kand gezwongen ass ze
gleewen, mee déi chrëschtlech Wäertvirstellungen ze kennen. Gott ass d'Léift. Gott verzeit eis. Dat wichtegst
„Gebot“ (Regel) fir mech ass: Den Nächste gär hu wéi sech selwer. Dat mir aner Leit kënne verzeien.
Ech froe mech wéi d'Leit ouni Glawe fäerdeg gi mat „Schicksalsschléi“ (Krankheet, Doud ..).
Heiansdo froen ech mech, firwat geschéie vill schlecht a béis Saachen? Oder firwat muss e jonke Mënsch
un enger schwéierer Krankheet stierwen? Glawen a Léift ëmmer erëm waakreg halen a mat néiem Liewe
Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – jmnau@pt.lu – ech kann …- 42 -
fëllen, dat ass eis Liewensaufgab. Ech respektéieren all aner Relioun, ech hu bis elo dat Gefill dat do net
esou vill verschidden ass tëschent de Reliounen. All schwätze vu Léift a Liewen nom Doud. Ech fäerten e
bëssen den Islam esou wéi ech en an Däitschland kennegeléiert hunn. Wa Frae sech musse verschléieren a
wa se bestrooft gi vun der Famill wa se eppes net esou maache wéi de Papp oder de Brudder dat wëll, z.B.
e Mann wëllen bestueden, deen net „richteg“ ass oder e Beruff léieren, deen „näischt“ fir Fraen ass, da
fannen ech dat net richteg, besonnesch hei bei eis an Europa.
Dei perfekt Fra denkt dass ech de perfekte Mann sinn. (Mike)
Den ideale Mann: E soll Bastler sinn. E soll éierlech, duuss, gedëlleg a witzeg sinn. (Lina a Zahra)
Déi ideal Fra soll sexy, jonk, net ze vill intelligent a blond sinn. (...)
Présentatioun vum mengem Papp. Mäi Papp heescht Regis. Hien ass nonzenghonnertaachtandrësseg bei
Metz gebuer. De Juni kritt hi siwwenzeg Joer. Hien ass mat menger Mamm bestuet. Si hu sech
nonzenghonnertzweeansiechzeg bestuet a si hu véier Kanner, draï Meedercher an ee Jong. Maï Papp ass
Fransous a wunnt a Frankraïch bei Metz. Hie schwätzt nëmme franséisch well hien net vill studéiert huet.
Elo ass hie pensionnéiert mee hie war e puer Joer Bäcker an duerno huet hien an enger Verpackungsfirma
geschafft. Hien huet vill Aktivitéiten : Enkelkanner (hien huet aacht Enkelkanner an aacht Jongen : hien
ass frou well hien huet gär Foussball), de Gaart, de Bénévolat fir déi Blann, d’Kierch, Liesen, heiansdo
Vakanz asouweider. Hien ass e gléckleche Pensionnär.
Elo ass hie mat menger Mamm a Frankreich zu Aix les Bains wou meng zweet Schwëster mat sengem
Mann a senge Kanner wunnt. Duerno gi si op Belfort wou meng éischt Schwëster mat sengem Mann a
senge Kanner wunnt an ech wees net wéini si heemginnn : si hunn Zäit. Mäi Papp ass e flotte Papp.
Blandine
Eng Visite guidée vum CEPS/INSTEAD - Centre d'Etudes de Populations, de Pauvreté et de Politiques
Socio-Economiques
D’Presentatioun vu mengem Stack (Blandine, 07-08) Expression orale!
Mäi Stack ass de 6te Stack. Dat ass den Dataproduktiounsstack. Fir d’éischt d’Archiven, e grousse Raum
mat den Ëmfroe vu Familljen a Persounen. Beim CEPS maache mir ënnert anerem, Ëmfroe fir
d’Europäesch Kommissioun, iwwer d’Famillje vu ganz Lëtzebuerg, haapstsächlech zum Thema
D’vulkanesch Inselgrupp besteet aus 13 gréisseren a 17 méi klengen Inselen. Eng vun de Particularitéite
vun den Inselen ass déi enorm Vielfalt un aussergewéinlecher Flora a Fauna. Zënter 1934 stinn d’Inselen
dofir och ënner Naturschutz. Zënter 1978 stinn Galapagos –Inselen op der Unesco-Weltnaturerbe-Lëscht.
1835 mécht den Charles Darvin e Besuch op d’Inselen. Wéi jidderee weess ass d’Galapagos-Inselgrupp
besonnesch duerch dem Charles Darvin seng Evolutiounstheorie berühmt ginn, well hien do eng Rei vun
d’Iddie krut.
d’Aféierung vu friemen Aarten souwéi d’Juegd hunn am 19. Joerhonnert vill vun dësen eenzegaartegen
Déieren (z. B. Die Galapagos -Rieseschildkröt) bal zerstéiert. (Daniela Reddington)
2
chasser, fr
Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – jmnau@pt.lu – ech kann …- 45 -
Meng Aarbecht beim FNR (www.fnr.lu)
Moien, haut verzielen ech eppes vu menger Aarbecht beim Fonds National de la Recherche vun der
leschter Woch. Do hate mir eng grouss Réunioun mat vill Opreegung well fir d’éischte Kéier eise Panel fir
d’Mesure d’accompagnement war. Dofir sinn ech ënner anerem responsable an hat immens vill
virzebereeden.
Mir hate bei eisem leschte Call (Appell) fir d’Mesure d’accompagnement am Abrëll 83 Demanden erakritt
an déi hunn ech missten alleguer fir d’éischt nom Domaine (Naturwëssenschaften,
Geeschteswëssenschaften, Medezin, Informatik asw) klasséieren. Déi Demande ware ganz verschidden a si
bei verschidde Meusre gefrot ginn. Dat waren Demande fir z.B. eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg
z’organiséieren, mee awer och lëtzebuerger Fuerscher, déi an d’Ausland goe wëllen oder auslännesch
Fuerscher op Lëtzebuerg invitéiere wëllen. Et waren och Demande fir eng EU-Demande ze maachen, asw..
Nodeems déi Demande klasséiert waren, hunn ech se intern evaluéiert mat eise Kritere vum Fond an ech
hunn de Budget ausgerechent, dee mir vum Fonds aus accordéiere kënnen. Da sinn d’Demande séier bei
d’Experte geschéckt ginn an déi haten dann d’Aufgab d’Demanden no hirer wëssenschaftlecher Qualitéit
ze beuerteelen. Bei eisem Meeting d’lescht Woch waren alleguer déi Experten zesummekomm a mir hu
während engem laangen Dag all déi Demanden evaluéiert. Wa se wëssenschaftlech gutt waren, gouf meng
Propose fir de Budget gekuckt an akkordéiert, mee heiansdo och korrigéiert. Well net ëmmer waren
d’Experte sech eens a munch een huet manner Sue kritt wéi en der hätt kréie kënnen. Dat ass net ëmmer
einfach, well heiansdo sinn déi Demanden net komplett oder d’Käschte sinn net a Relatioun zum ugefrote
Budget, asw.. Dofir gëtt all Demande diskutéiert an dann zesummen evaluéiert an e puer Deeg méi spéit
dem Conseil scientifique viergeluegt. Dat bereeden ech am Moment mat menger Assistentin fir, well um
Enn vum Mount ass de Conseil.
Déi Zort vun Appelle fir d’Mesuren hu mir zweemol am Joer awer d’ganzt Joer iwwer kënnen d’Fuerscher
vun den ëffentleche Fuerscherinstitutiounen och aner Subside froen a bei eise Programme matmaachen.
Awer dat ass eng aner Geschicht, déi ech haut net verzielen. Villmools merci fir är Gedold an ech hoffen
dir huet alles verstan. (D’Suse)
Portugal ass meng Heemecht. Ech sinn de Floriano an ech wunnen zu Lëtzebuerg, zu Mamer. Ech
kommen aus Portugal, vu Viana do Castelo am Norden. Ech hunn en Haus zu Castelo do Neiva
http://www.billiger-ferienhaus.de/Objektnummer-306859.html Castelo do Neiva huet eng Plage, Flëss a
Bierger. Castelo do Neiva ass ongeféier véierhonnert Kilometer vun der Haaptstad Lisabon. Wat ass gutt a
Portugal? D’Sonn schéngt vill, et kann een Tourismus maachen an de faméise Vinho do Porto drénken.
Zum Schluss :
Bei der Verbesserung vun den Texter, hunn ech probéiert, sou vill wéi méiglech den
Text vun de Studenten sou ze loossen, wéi si e geschriwwen hunn.
Schéckt mir äre lëtzebuergeschen Dialog-Text zu engem Thema sou séier wéi méiglech
w.e.g. : jean-marie.nau@education.lu oder bréngt mir d’Aufgab mat an d’Klass.
Merci villmools, äre jean-marie nau